Home
Praktesch
FAQ
Fotogalerie ginn
Contact
Tickets
lu
fr
Praktesch
FAQ
Fotogalerie ginn
Contact
Tickets
FAQ
Wann ech e Billjee bestellen, wéi kann ech e kréien?
De Billjee gëtt nom Bezuelen automatesch iwwert E-Mail geschéckt. Dir braucht e just ze printen a mat deem Billjee kommt Dir an de Parc eran. Dir braucht net méi virdrun an d’Kees ze goen.
Wéi séier kréien ech meng Billjeeën?
Nom Bezuelen kritt Dir d’Billjeeën direkt an är Mailbox geschéckt.
Heiansdo kënnen se an engem Spam oder Deleted items Folder landen.
Sinn d’Billjeeën och fir aner Leit valabel wann ech se op mäin Numm bestellen?
Selbstverständlech, d’Billjeeën sinn op den Numm vun deem geschriwwen, deen se bezuelt, mee si kënne vu jidderengem benotzt ginn deen an déi selwecht Alterskategorie fält. (Erwuessen, Kanner oder Senioren)
Wéi weess ech ob dëse Site fiabel ass?
Mir sinn offizielle Partner vum Phantasialand a mir offréieren Aktiounen am Partenariat mat Medien. D’Billjeeë ginn iwwert e securiséierten Internet Site bestallt a bezuelt (https). Dës Bestellung leeft iwwert eng fiabel a securiséiert Bezuelplattform.
Wéi laang ass mäi Billjee valabel? (A wéi laang sinn d’Promotioune valabel?)
Standard Billjeeën si valabel déi ganz Saison (Summer oder Wanter). Fir verschidden thematesch oder aussergewéinlech Aktivitéiten gëtt e präzisen Datum kloer an der Offer ugewisen. D’Validitéit vum Billjee steet ëmmer ënnen um gedréckte Billjee drop.
Wéi kréien ech meng Billjeeën opgemaach?
D’Billjeeën ginn Iech als PDF geschéckt. Dir kënnt se einfach opmaachen an ausdrécken. D’Qualitéit vum Drock muss gutt genuch sinn fir dass d’Kees ären Ticket beim Scan erkenne kann. Wann Dir d’Adobe PDF Dokument net opkritt, kënnt Dir Iech de Logiciel hei eroflueden.
Adobe reader
Wéi eng Moyene fir ze bezuele ginn acceptéiert?
All klassesch Moyene fir ze bezuele ginn acceptéiert: Visa, Mastercard, Bancontact.
Persounen tëscht 4 an 11 Joer an/oder iwwert 60 Joer kënnen zu all Moment hir Carte d’Identité gefrot ginn.